Sarah, 28 Jahre:
"Main Haaptproblem ass dat ech am gaang sin meng Bezeiung ze zersteiren. Ech sin frou mat mengem Frend an awer brengen ech et irgendwei fàrdeg, hien vun mir weg ze stoussen."
Jan, 17 Joer: Den Riichter schéckt mech heihinner, hien sot ech soll Therapie man. Ech wunnen net méi doheem. Den Riichter huet entscheed dass ech bis 18 Joer am Foyer wunnen muss, well ech meng kleng Schwëster vun 14 Joer ugepaakt hunn. Hat ass bei den Planning Familial gaangen an huet hinnen alles verroden. Dowéinst sinn ech selwer bei d'Police gaangen an hunn mech gestallt.
Ech sinn den Kevin, hunn 12 Joer an ech well gären Veterinär ginn. Ech sinn liddereg an der Schoul an di aner Kanner nerven mech deck. Meng Elteren mengen dass ech onsécher sinn mat aneren Leit. Am Sport sinn ech gutt, awer all di aner Fächer maachen mär keen Spaass. Virun den Prüfungen hunn ech ëmmer Bauchwéi an ech géing am Léifsten guer net an d'Schoul goen.